Projeten

Kachbuch
Pädagogisches Projekt
05.10.2018 - 12.07.2019Pädagogesch Équipe vum SEA Zwergeland start dëst Schouljoer en Kach a Bak-Projet mat de Kanner. Dëst soll a fräiwëlleger Zesummenaarbecht mat den Eltere stattfannen déi eis jeeweileg en Rezept vun enger Familljenspezialitéit oder engem Nationalgericht ginn. Am Fall wou mir ze vill Rezepter kréien, gëtt zesumme mat de Kanner eng Selektioun gemaach.
All Kand wou matmécht kritt fir de Projet säin eegent Schiertech wat hien/hat sech selwer gestalten kann, souwéi säin eegene Bräiläffel.
Entréeën an Haaptplaten ginn ausschliisslech Dënschdes an der Vakanz gekacht. Beim Zoubereede vun eise Platen, lee mir grousse Wäert ob regional, fair a Bio Produkter, déi mir zesumme mat de Kanner kafe ginn (Kayler Maart, Bauer, Metzler, Cactus, asw.) D ‘Kanner sollen op déi Aart a Weis léiere wou een déi verschidde Produkter ka kafen an den Ëmgang mat de Sue méi nobruecht kréien. Bakaktivitéite fannen all 2 Donneschden a Form vun engem Atelier statt.
All Kach a Bakdaag gëtt schrëftlech wei och fotografesch festgehalen, fir dass zum Schluss vum Joer all Kand wou matgemaach huet mat engem Rezeptbuch belount gëtt. Zesummen mam Herr Bressler kucken mir fir eventuell en Video fir op eis Homepage ze dréinen.
Pädagogesch Équipe vum SEA Zwergeland start dëst Schouljoer en Kach a Bak-Projet mat de Kanner. Dëst soll a fräiwëlleger Zesummenaarbecht mat den Eltere stattfannen déi eis jeeweileg en Rezept vun enger Familljenspezialitéit oder engem Nationalgericht ginn. Am Fall wou mir ze vill Rezepter kréien, gëtt zesumme mat de Kanner eng Selektioun gemaach.
All Kand wou matmécht kritt fir de Projet säin eegent Schiertech wat hien/hat sech selwer gestalten kann, souwéi säin eegene Bräiläffel.
Entréeën an Haaptplaten ginn ausschliisslech Dënschdes an der Vakanz gekacht. Beim Zoubereede vun eise Platen, lee mir grousse Wäert ob regional, fair a Bio Produkter, déi mir zesumme mat de Kanner kafe ginn (Kayler Maart, Bauer, Metzler, Cactus, asw.) D ‘Kanner sollen op déi Aart a Weis léiere wou een déi verschidde Produkter ka kafen an den Ëmgang mat de Sue méi nobruecht kréien. Bakaktivitéite fannen all 2 Donneschden a Form vun engem Atelier statt.
All Kach a Bakdaag gëtt schrëftlech wei och fotografesch festgehalen, fir dass zum Schluss vum Joer all Kand wou matgemaach huet mat engem Rezeptbuch belount gëtt. Zesummen mam Herr Bressler kucken mir fir eventuell en Video fir op eis Homepage ze dréinen.
| Typ | Pädagogisches Projekt |
| Verantwortliche(r) | Weiler Tamara, De Vido Kim, Gioioso Silvana, Reichel Tammy |
| Name der Gruppe | Gourmet Zwergen |
| Zielgruppe / Alter der Kinder | 4-6 Jahre |
| Ziele | Richtziel: Mir brengen de Kanner d'Baaken an d'Kachen méi no |
| Entstehung | Weiler Tamara |
| Umgesetzt in Zusammenarbeit mit | den Eltern |
| Anzahl der Kinder | 10 |
| Thematisierte Handlungsfelder (max 2) | Emotionen, soziale Beziehungen Werteorientierung, Demokratie, Partizipation Bewegung, Körperbewusstsein, Gesundheit |

D'Zwergen op enger kulinarëscher Rees
Pädagogisches Projekt
09.10.2017 - 13.07.2018Mir hun eis fir dëse Projet entscheed, well mir dem Interesse vu verschiddene Kanner wollten nokommen.
Nodeems d'Kanner eis erzielt hun, datt se Doheem mat den Elteren gebaack/gekacht hun an dëst hinnen Spass gemach huet, hu mir decidéiert all Donnëschten Nomëtten während dem Schouljoer 2017-2018, e Kach- a Baackatelier unzebidden.
Am Laaf vum Projet, wëlle mir de Kanner d'Méiglechkeet gin, fir eegen Ideeën a Rezepter mat anzebannen.
Fir e flotten Ofschloss vum Projet ze hun, realiséiere mir mat de Kanner e klengt Kachbuch.
Mir hun eis fir dëse Projet entscheed, well mir dem Interesse vu verschiddene Kanner wollten nokommen.
Nodeems d'Kanner eis erzielt hun, datt se Doheem mat den Elteren gebaack/gekacht hun an dëst hinnen Spass gemach huet, hu mir decidéiert all Donnëschten Nomëtten während dem Schouljoer 2017-2018, e Kach- a Baackatelier unzebidden.
Am Laaf vum Projet, wëlle mir de Kanner d'Méiglechkeet gin, fir eegen Ideeën a Rezepter mat anzebannen.
Fir e flotten Ofschloss vum Projet ze hun, realiséiere mir mat de Kanner e klengt Kachbuch.
| Typ | Pädagogisches Projekt |
| Verantwortliche(r) | Kelsen Sandy Weiler Tamara |
| Name der Gruppe | D'Leckermeilëscher |
| Zielgruppe / Alter der Kinder | 4-6 Jahre |
| Ziele | Richtziel: Mir brengen den Kanner d'Baaken an d'Kachen mei no Grobziel: De Kanner hir Feinmotorik soll gestärkt gin Grobziel: De Kanner hiren Gerochs- a Geschmaachssënn soll gestärkt gin Grobziel: D'Kanner sollen d'Rezepter leieren verstoen an uwenden Grobziel: D'Kanner sollen d'Zutaten kenneleieren an benennen kennen Grobziel: D'Kanner solle léiere respektvoll mam Matérial ëmzegoen Grobziel: De Kanner hiert Wëssen iwwert Hygiène soll gefuerdert gin |
| Entstehung | Kelsen Sandy, Weiler Tamara |
| Umgesetzt in Zusammenarbeit mit | den Eltern Andere |
| Andere Partner | Äresto |
| Anzahl der Kinder | 10 |
| Thematisierte Handlungsfelder (max 2) | Werteorientierung, Demokratie, Partizipation Sprache, Kommunikation, Medien Bewegung, Körperbewusstsein, Gesundheit |