Restaurant
D’ Kanner am SEA kënnen am Funktiounsraum “Restaurant” an der Mëttesstonn a fir d’Collatioun iessen. Souwuel den ästheteschen Design vun de flotten Iesszëmmer wéi och Presentatioun vun de Liewensmëttel leien eis um Häerz, grad ewéi mat de Kanner vereinbarten Ritualer an Dëschregelen. An enger entspaanter Atmosphère sinn déi sozial Interaktioun a virun allem den Austausch mat Gläichaltregen am Virdergrond.
Mir als Pädagogen begleeden Kanner am Restaurant a bedeelegen eis un hire Diskussiounen. Et ass eis och wichteg d’Kanner z’encouragéieren nei Platen auszeprobéieren.
D'Iessen ass baséiert no der kultureller Diversitéit vun de Kanner an nom cahier de charge deen Gemeng mat SICONA ënnerschriwwen huet.
Eis aktuell a rezent Menuer
![]() | Menu 21.04.25 - 30.05.2524-04-2025![]() ![]() ![]() ![]() ![]() ![]() |
![]() | Menu 21.04.25 - 30.05.2524-04-2025![]() ![]() ![]() ![]() ![]() ![]() |