Bienvenue sur les site de l’école Widdem

qui comporte cinq classes du Cycle 1 (bâtiment «Aal Meederchersschoul»).

> Activités

Therapiebegleethond Blacky a Maya

15-07-2022

Moien alleguer! Mir sinn et nees, de Blacky an d’Maya. Fir déi, déi eis nach net kennen, mir sinn allen zwee Schoulhënn an hunn zesumme mat der Joffer Tessy an der Joffer Sarah eng fundéiert Ausbildung gemaach fir reegelméisseg kënne mat de Kanner an der Schoul ze schaffen.


 Infoblat.pdf(23.55 MB)


#MengChamber

13-07-2022

D’Kanner aus der Klass vum Pol Daix hunn un der Aktivitéit #MengChamber, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) deelgeholl. Hei hunn si un der Aktivitéit Demokracity participéiert, bei deier si eng eege Partei mat hiren Iddi’en gegrënnt hunn. Si hunn eng Stat erstallt, argumentéiert, wat fir si an enger Stat wichteg ass, hunn eng Chambersitzung suivéiert an haten, doduerch dass de Premierminister an der Chamber present war, um Ënn nach een Austausch mam Xavier Bettel. 




De Panne

08-07-2022

D’Kanner aus de Klasse vum Sophie Schmidt, dem Claude Wilmes a Pol Daix ware zesummen vum 4. Juli bis den 8. Juli zu De Panne an der Kolonie. Hei goufen Aktivitéiten um Strand gemaach, Brügge gouf besicht, d’Kanner hu Minigolf gespillt, hu Strandsegele gemaach oder eng Aktivitéit am Boot um Mier. Donneschdes ware mir dann nach an d’Plopsaland, wou d’Kanner op Achterbunnen, Waasserbunnen, a villes méi hire Spaass haten. 




Léisungsteam-Kids

21-06-2022

17 Kanner aus dem C.4.1 hunn en Diplom krut fir hir Formatioun déi si am Kader vum Projet „Léisungsteam-Kids“ realiséiert hunn. Déi Kanner, 15 un der Zuel, déi säit leschtem Schouljoer (20/21) um Projet deelhuelen an dozou bäidroen, dass all Schüler eng roueg an erhuelsam Paus huet, kruten een Diplom fir Merci ze soe fir hir geleeschten Aarbecht. 




Cargo-Center/Cargolux

19-05-2022

Dem Pol Daix seng Schüler/-inne sinn de Cargo-Center besiche gaangen. Hei hunn si erkläert krut, wéi dat funktionéiert, dass alles op seng richteg Platz kennt, déi grouss Halen hunn si gesinn an d’Kanner kruten och d’Méiglechkeet eng Cargolux vu bannen ze besichtegen.




Zuch vun der Demokratie (19.11.2021) a Visite en classe (18.03.2022)

18-03-2022

Am Kader vum Zuch vun der Demokratie, organiséiert vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB), hunn d’Schüler/-inne vum Pol Daix hiren eegene Politiker an der Chamber e puer Deputéierte virgestallt. Donieft hunn si d’Chance krut d’Erëffnungs- an d’Schlussried viru versammelter Plenière ze halen. Nom gemeinsamen Austausch, dem Deelen vun hiren Iddi’en gouf mam Francine Closener an dem Max Hahn festgehale, dass déi zwee Deputéiert eemol an d’Klass bei d’Schüler/-inne vum Pol Daix kommen fir ze kucken, ob a wéi d’Iddi’en vun de Kanner ëmsetzbar sinn. Dëst war dann de Fall a gemeinsam mam Schoulschäffe Romain Becker goufe flott a lieweg Diskussioune mat der Klass gefouert, bei deenen d’Interesse vun de Kanner berécksiichtegt goufen.