Buchprojet „Gefahr für die Nuelschule“
15-07-2022Mir freeën eis Iech matzedeelen, dass d´ Klass vum Tessy Fehlen aus dem Cycle 2.1 an d´Klass vum Raphaël Trindade aus dem Cycle 4.2 een éischt Buch geschriwwen, illustréiert a vertount hunn mam Titel "Gefahr für die Nuelschule".
Den Text ass op Däitsch a mat Hëllef vun engem QR-Code kënnt Dir den Text an d'Dialoger op Däitsch an op Franséisch lauschteren. Dest ass eng Zesummenaarbecht tëscht Kleng a Grouss. Den Cycle 2.1 huet d´Geschicht erfonnt, den däitschen Text geschriwwen an di däitsch Versioun opgeholl an den Cycle 4.2. huet d´Zeechnungen gemoolt an di franséisch Versioun opgeholl.
D'Buch gëtt fir 5€ d'Stéck verkaaft an den Erléis ass integral fir d´Déierenasyl vun Diddeleng.
Bis zum Schoulschluss sinn aus dem Buchverkaf ewell schon 530 € zesumme komm fir d´Déierenasyl.
E grousse Merci all deene Leit, di eis kleng Kënschtler ënnerstëtzt hunn.
Sollt nach den een oder aneren Interessi un dësem Buch hunn, dann kann een sech gären un eis wenden per Mail () oder bei der Rentrée Sall 2 RCH (Raphaël Trindade) an Sall 6 RCH (Tessy Fehlen). Vläicht kréien mir des Zomm jo nach e besseli erhéicht. Am Viraus schonn e grousse Merci.